Post-COVID Neistart vun Tri2pattes

Tri2pattes op Tour zugonschten vun EBS

No hiren zwee éischten Comedy Programmer, “Une vie de merde – vu Pechvullen an anere komesche Kauzen” a “Plakeg a mat vill Gejäiz“, präsentéieren Tri2pattes Iech hire neien Programm “Keen doheem” ab dem Hierscht 2019.

Falls Dir iech dat zoumutt!

Ma sécher! Well laachen ass gesond, an dat Ganzt ass jo och nach fir e gudden Zweck. De Bënëfiss geet nämlech integral un EBS – Ecoles de Brousse au Sénégal Luxembourg. Mir soen hinnen Merci!

Méi dozou hei.